
Europa
EU-Agrarpolitik
Manner ofhängeg vum importéierte Soja: De Christophe Hansen mécht den Eewäiss zu enger Fro vun der Souveränitéit
D'EU bereet fir 2026 eng eege Eewäiss-Strategie vir, fir manner vum importéierte Futter-Eewäiss ofhängeg ze sinn. Fir de Lëtzebuerger Kommissär Christophe Hansen ass dat virun allem eng Fro vun der strategescher Autonomie — mat Suiten fir de klenge, grasland-baséierte Bauerestand am Grand-Duché.