
Europa
Drama an der Groussregioun
Eelef Doudeger bei Fligerongléck virun engem Fallschiermsprong bei Nancy
Bei engem Fligerongléck op engem klenge Fluchhafe bei Nancy si Sonndeg eelef Leit ëm d'Liewe komm. D'Maschinn, déi Fallschiermspringer an d'Luucht bruecht huet, ass Sekonne nom Start erofgestierzt — eng vun de schwéiersten zivilen Loftfaartkatastrophen a Frankräich zënter Joren.