
Europa
Loftfaart a Versuergung
Kerosin gëtt knapp: Europa warnt virun engem Engpass an der Héichsaison – och de Findel am Bléck
Europäesch Loftfaart- an Energieverbänn warnen virun engem Kerosin-Manktem bis spéiden Summer, ausgeléist duerch d'Stéierungen un der Strooss vun Hormuz. Och de Findel mat Luxair a Cargolux steet am Bléck, och wann de neie Brennstoffdepot eréischt 2028 fäerdeg ass.